NICO (FDOK)

Kiferknachen-Entzündung als Ursaach vu verschiddene Pathologien

NICO steet fir Neuralgia Inducing Cavitational Osteonecrosis. Dohanner stécht eng chronesch Entzündung vum Kiferknachen, en degenerativen an entzündleche Prozess, dee sech dacks iwwer e puer Joer hin entwéckelt.
Oft bleift dësen Entzündungsprozess am Kiferknache laang Zäit onbemierkt. Eréischt wann den Zänndokter säi Geweebe mat senger Schläimhaut opmécht, gëtt dëst erkannt. An dobäi produzéiert de Knache jorelaang Entzündungsstoffer, déi sech duerch de Blutt- a Lymphsystem verbreeden an do Schied verursaache kënnen.

Kiferknachenentzündung

NICO: Wéi eng Gefor verstoppt sech hanner der Entzündung vum Kiferknachen?

Bei NICO handelt et sech ëm e klassescht Stéierfeld. D’Buetstoffer fir dës Entzündung, déi vun den entzündleche Prozesser am Kiferknachen ausginn, kënnen de ganze Kierper belaaschten, ouni datt de Patient selwer oder den Dokter déi tatsächlech Ursaach heifir fannen.
Dacks kloe Betraffener iwwer Migrän, Konzentratiounsproblemer a Middegkeet, awer och Erkrankungen ewéi Rheuma, héije Bluttdrock oder verschidden Zorte vu Péng (oft am Réck, Gesiicht oder ënner der Form vun engem Schëller-Aarm-Syndrom) si méiglech Begleedsymptomer vun engem NICO.

Wéi behandelt de BIO-Zänndokter NICO?

An der biologescher Zänndokteschpraxis gi Kiferentzündunge meeschtens chirurgesch behandelt. Ënner Lokalnarkos ginn déi Knacheberäicher, déi eng Entzündung virweisen, mat Hëllef vun Instrumenter aus der Chirurgie oder awer mat engem Ultraschallapparat ewechgemaach.
Et ass ganz wichteg, datt d’Wonn vollstänneg heelt. Dofir suergt déi biologesch ausgeriichten Zännmedezin mat Sécherheet, andeem z.B. desinfizéierenden Ozon an och eng biologesch Membran an den Asaz kommen, déi am Virfeld mat Hëllef vum eegene Blutt vum Patient selwer (PRP) hiergestallt gëtt.