Root2Disease

Homepage

Wat stécht hanner dem Root2Disease-Prinzip?

Jiddwer doudegen (och un der Wuerzel behandelten) Zant ass mat gesondheetleche Problemer verbonnen. Dëst ass d’Ausso hanner dem sougenannte Root2Disease-Konzept, dat an der biologescher Zännmedezin eng zentral Roll anhëlt. Méi genau gesot stécht dohanner d’Wëssen doriwwer, datt sech duerch Zänn, déi un der Wuerzel behandelt goufen, dacks gesondheetlech Risiken entwéckelen. Well, egal ewéi gutt een oppasst, sou ass et bal net méiglech wärend enger Wuerzelbehandlung en Ofschloss ze maachen, deen absolut dicht géint d’Andrénge vu Bakterien ass. Um Zant setzen sech Bakterie fest, déi e krank maachen, déi säi Geweebe zersetzen an dobäi gëfteg Substanze produzéieren. Dës toxesch Substanze sinn amstand liewenswichteg Enzymer ze hemmen, déi néideg si fir d’Funktionéiere vun der Ootmungsketten.
D’Léisung heifir: Un der Wuerzel behandelt Zänn, déi Problemer schafen, mussen erausgeholl ginn. Fir déi meescht Patienten ass dës d’Alternativ, déi d’Gesondheet am meeschte schount a si ka mat engem klengen Agrëff erëm zu däitlech méi Liewensqualitéit féieren.

Wéi d’Bio-Zännmedezin

Stéierfelder detektéiert an eliminéiert

Un der Wuerzel behandelt Zänn ginn nom Root2Disease-Prinzip deemno als Stéierfelder betruecht. Mee wéi kann den Zänndokter erausfannen, ob esou een Zant d’Wuerzel vun enger Erkrankung ass?
D‘Rëntgendiagnostik ass eng gëeegent Method, fir dës Stéierfelder ze detektéieren. Hei erkennt de Bio-Zännmedeziner, ob sech eng Entzündung ronderëm déi behandelt Wuerzel gebilt huet oder net. Doriwwer eraus léisst sech och eng kleng Prouf vum Geweebe am Labo ënnersichen, fir d’Diagnos kënnen ze stellen, ob Stoffwiessel-Endprodukter vu Bakterien, déi sech um Zant ofgesat hunn, nozeweise sinn oder net. Zu gudder Lescht ass déi sougenannt Test-Injektioun mat Procaïn eng Moossnam fir en Diagnostik ze erstellen a fir Stéierfelder un der Zännapparatur (déi en halen) ze detektéieren. Zu dësem Zweck injektéiert de Bio-Zänndokter eng kleng Quantitéit Procaïn an de verdächtegen Zant: De Procaïn gëtt enzymatesch ofgebaut. Falls et sech bei dem betraffenen Zant ëm e Stéierfeld am Sënn vum Root2Disease-Konzept handelt, stellt de Patient meeschtens Verännerungen am Sënn vu kierperleche Stéierunge fest, déi direkt gekoppelt sinn un d’Stéierfeld vum betraffenen Zant. Bewosst ass déi Wiesselwierkung esou vum Patient virdrunner vläicht net wouergeholl ginn.* Fir dës gesondheetlech Problemer ofzeschwächen, féiert meeschtens nëmmen d’Eraushuele vum doudegen Zant zu dësem Zil. Mee dës Moossnam lount sech awer um Enn fir de Patient: Si gëtt an der Reegel belount mam Verschwannen a befreit Si vun de Symptomer a mat engem neie gewonnene Liewensgefill.

Root2Disease