Wie mir sinn

Homepage

Biologesch an Ästheetesch Zännmedezin: optimal Kombinatioun an eiser Praxis zu Lëtzebuerg

Déi Biologesch Zännmedezin – eng Erweiderung vun der konventioneller Zännmedezin – berücksichtegt den Organismus an déi doranner bestoend Wiesselbezéiungen zuenaner als e Ganzt. Als ganzheetlech Zänndokteren betruechte mir dofir net nëmmen de Symptom, wéi z.B. d’Entzündung vum Zännfleesch oder en Zant, dee wéi deet, mee och déi Ursaachen, déi derhanner stiechen. Ausserdeem baséiert déi Biologesch Zännmedezin op Materialien a Methoden, déi de Kierper besonnesch gutt verdréit, fir Är Gesondheet beschtméiglech ze schützen. Wichteg Bestanddeeler vun der Biologescher Zännmedezin, déi mir an eiser Praxis zu Lëtzebuerg ubidden, sinn:

  • D’Sanéierung vu Stéierfelder
  • Amalgamsanéierungen
  • Choukroun A-PRF a
  • Root2Disease

An der Ästheetescher Zännmedezin steet een Zil am Fokus: Iech zu engem attraktiven a perfekten Zännbild a Laachen ze verhëllefen. Dëst geléngt eis an eiser zännmedezinescher Praxis duerch d’Benotze vu Facetten, Keramikimplantater an Inlays.

An eiser Zännpraxis zu Lëtzebuerg leeë mir de Schwéierpunkt op déi Biologesch an Ästheetesch Zännmedezin, fir d‘Komponente vun folgenden zwee zännmedezinesche Beräicher mateneen ze verbannen: fir wonnerschéin an duerch an duerch gesond Zänn.

Eist Dokteschteam

Dr. Hendrik Schwagten PhD., MSc, MSc, MSc

1980 Studium Humanmedezin op der Universitéit zu Antwerpen
1985 Studium Zännmedezin op der Universitéit Antwerpen
1988 Studium Zännmedezin op der Kathoulescher Universitéit Löwen
1988 Staatsexamen op der Kathoulescher Universitéit Löwen
1990 Grënnung vun enger Praxis an Däitschland
1999 Grënnung vun enger Praxis zu Lëtzebuerg

2005 MSc Implantologie op der Donau-Universitéit Krems

2006 Zertifizéierung als DIR-Benotzer

2007 MSc Mondchirurgie op der Donau-Universität Krems

2007 Promotioun Dr. Med. Dent. op der Rheinisch-Westfälescher Technescher Héichschoul Oochen
2008 Promotioun PhD (Philosophiae Doctor) op der Comenius-Universitéit Bratislava
2009 MSc Parodontologie op der Donau-Universitéit Krems

Ab 2009 Fortlafend Weiderbildung zu der Biologescher Zännmedezin an zu de Keramikimplantater

2019 Ernennung zum Spezialist fir Biologesch Zännmedezin a Keramikimplantater

2020 Grënner vum Zentrum fir Biologesch Zännmedezin (ZBZ.LU)

2020 Zertifizéierung als Ëmweltzännmedezinner

Dr. Dirk Hessmann

1982-1984 Kandidatur zu der Zännmedezin op Staatsuniversitéit Gent
1984-1987 Licentiaat zu der Zännmedezin op der Staatsuniversitéit Gent
1987 Staatsexamen op der Staatsuniversitéit Gent
1989 Grënnung vun enger Praxis an Däitschland
1999 Grënnung vun enger Praxis zu Lëtzebuerg

2020 Grënnung vum Zentrum fir Biologesch Zännmedezin (ZBZ.LU)

2020 Zertifizéierung als Ëmweltzännmedezinner

Dr. Sebastiaan Schwagten

2018 – viraussiichtlech 2024

Studium Zännmedezin op der Danube Private University (DPU), Privatuni un der Donau

2024 – viraussiichtlech 2027
Ausbildung zum Spezialist an der Mondchirurgie