Eliminatioun vu Metall
Biologesch Zännmedezin

Homepage

Eliminatioun vu Metall an der Bio-Zänndokteschpraxis

Amalgam war laang Zäit e beléift Material fir Zännfëllungen. Haut komme vill Patienten an d’Praxis mam Wonsch, op den Amalgam, dee mat Quecksëlwer belaascht ass, ze verzichten oder fir Fëllungen, déi ewell do sinn, duerch en Drainage lasszeginn.
Et ginn allerdéngs och aner Metaller, déi an der Zännmedezin dacks benotzt ginn oder goufen – esou z.B. Gold oder Metallzesummesetzunge mat enger Sëlwermëschung. An deem Fall kann et zu Wiesselwierkunge vun de Metaller ënner sech kommen. Et kënnen awer och gesondheetlech Risiken entstoen duerch d’Wiesselwierkung mam Kierper.

Zännfëllungen aus Metall

Wéi eng Gefore kënnen Zännfëllungen aus Metall

mat sech bréngen?


An der Biologescher Zännmedezin steet als Zil am Mëttelpunkt, op Metaller ze verzichten, déi toxesch Effeten op den Organismus kënnen hunn. Duerch Aflëss ewéi Iessen, Gedrénks, Spaut a mechanesch Awierkunge kënnt et bei de Metaller am Mond zur Korrosioun an zur Ofnotzung. Dobäi gi Metallione fräigesat. Duerch hir Wiesselwierkunge – z.B. bei Zännfëllungen aus verschidde Metaller oder mat eisem Organismus – kann et zu funktionelle Stéierunge vun den Organer kommen.
Chronesch Erkrankunge kënnen sech entwéckelen, wéi z.B. Demenz, Neurodermitis oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen. Zu gudder Lescht belaaschten d’Metaller an eisem Mond och eist Immunsystem: Dëst erkennt d‘Metallionen als Friemkierper a produzéiert Antikierper dogéint. Dëst weist sech ënner der Form vun allergesche Reaktiounen oder ënner engem allgemeng geschwächten Ofwiersystem. E vollstännegt Entgëfte kann an deem Fall hëllefen, et nëtzt op laang Dauer allerdéngs net vill, wann d’Ursaach vun de kierperleche Stéierunge – nämlech d’Metall – am Kierper dra bleift.

Metaller vum Bio-Zänndokter vollstänneg ewechmaache loossen

D’Bio-Zänn(wëssenschafts)medezin probéiert ëmmer, fir ouni Metall ze schaffen. Wann ewell Fëllungen aus Amalgam, Gold a Co. do sinn, kënnen dës am Kader vun enger professioneller Metalleliminatioun an der Bio-Zänndokteschpraxis ewechgemaach ginn.
D‘Prinzippien, op déi et an dësem Fall ukënnt, si bei all de Metalleliminatiounen deene vun der Amalgameliminatioun änlech. Dat heescht: Am Vierdergrond stinn dat duusst Eliminéiere vun de Metaller, ouni datt Gëftstoffer an de Kierper andréngen, an d’Entgëften duerno. No der Metalleliminatioun gi kleng Defekter un der Zännsubstanz vum Zänndokter, dee biologesch schafft, mat biokompatibele Fëllungsmaterialien erëm zougemaach. Gréisser Defekter ginn an der Reegel mat metallfräie Kroune versuergt. An dësem Fall zéie mir als Material Zirkonium vir: Dëst verdréit de Kierper ganz gutt an et léist keng Wiesselwierkungen aus. No der Eliminatioun vum Amalgam oder engem anere Metall beim Bio-Zänndokter rode mir de Leit zu engem vollstännegen Entgëfte vum Kierper, sou datt dësen sech komplett befreie ka vun alle Gëftstoffer. Är Bio-Zänndokteschpraxis beréit iech ganz gär zu dësem Theema.

Inlays