Zentrum fir
Biologesch Zännmedezin

Wëllkomm an eiser Praxis zu Lëtzebuerg

Sproochen an eisem biologeschen Zentrum

An eiser Praxis schwätze mir Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch an Hollännesch.

Eis Ëffnungszäiten

Méindes 09.00 – 18.00 Auer
Dënschdes 09.00 – 18.00 Auer
Mëttwochs 09.00 – 15.00 Auer
Donneschdes 09.00 – 18.00 Auer
Freides 09.00 – 15.00 Auer
Terminer op Rendez-vous

Affiliatiounen a Certificaten

Akadeemesch Partnerpraxis vun der Danube Private University (DPU), privat Uni un der Donau
Affiliatioun bei der Deutschen Gesellschaft für Umweltzahnmedizin (DEGUZ)
Affiliatioun bei der European Academy of Ceramic Implantology (EACim), eng Akademie fir Keramikimplantater.
Affiliatioun bei der Int. Society of Metal Free Implantology (ISMI), eng Vereenegung fir metallfräi Implantater

Homepage

Eis Praxis fir Biologesch Zännmedezin: Natierlech gesond Zänn sti bei eis am Mëttelpunkt.

An eiser Zänndokteschpraxis stinn d’Gesondheet, d’Wënsch an d’Interessie vun eise Patienten am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht. Als Ären Zentrum fir Biologesch Zännmedizin vu Lëtzebuerg huele mir an eist Team sech bei all Zännbehandlung déi néideg Zäit, fir Är Wënsch ze detektéieren, Iech ganz genau iwwer déi ënnerschiddlech Behandlungsméiglechkeeten opzeklären an Iech déi fachlech Zesummenhäng a Punkto Beschwerden / tëschent Zänn an dem Rescht vum Organismus verständlech ze presentéieren. Dëst ass d’Basis fir eis ausféierlech zännmedezinesch Berodung: Eis Léisungsvirschléi gi jiddwer eenzelem Patient ugepasst op eisem Wee zu schéinen a gesonden Zänn.

Folgend Ziler striewe mir an eiser Praxis fir Biologesch Zännmedezin un

Funktioun, Confort a Schéinheet – dës Komponente maachen déi Ästheetesch Zänn(wëssenschafts)medezin an all hiren Aspekter haut aus. Sie verbënnt héchst technesch Prezisioun mat Wuelbefannen an engem perfekten Ausgesinn. Eist Zil ass et, d‘Behandlungen an eiser Praxis fir Biologesch Zännmedezin esou auszeriichten, datt all dës Uspréch erfëllt ginn. Mir wëllen Iech eng medezinesch Betreiung ubidden, déi

  • d’Qualitéit,
  • d’Ästheetik an
  • d’Gesondheet

vun enger moderner an och héichwäerteger biologescher Zänn(wëssenschafts)medezin mat der Perspektiv vun enger duusser an natierlecher Behandlung kombinéiert.

Reegelméisseg Virënnersichungen an e systematescht Prophylax-Konzept (=Virbeugunskonzept) si vun héijem Stellewäert an eiser Zännpraxis vu Lëtzebuerg, esou datt Iech Är natierlech Zänn esou laang ewéi méiglech erhale bleiwen. Weider Prioritéiten an eisem Zentrum fir Biologesch Zännmedezin zu Lëtzebuerg si Keramikimplantater an Ästheetik.

Iwwerbléck vun eise biologeschen 

an ästheetesche Prestatiounen

Homepage

Amalgamsanéierung

Wat ass Amalgam a firwat kann dëst problematesch sinn? Beim Zämmamalgam handelt et sech ëm eng Mëschung vu Metaller…

Homepage

Behiewung vun Interferenzstéierfelder Oder: Stéierfeldsanéierung

Am Fokus vun der biologescher Zännmedezin steet d’Wëssen, datt eis Zänn a Verbindung sti mat aner Beräicher vun eisem Organismus …

Homepage

Metallsanéierung a Laangzäitprovisorien

Amalgam war laang Zäit e beléift Material fir Zännfëllungen. Haut komme vill Patiente mat ….

Homepage

Choukroun A-PRF

Dat natierlecht a biokompatibelt Geweebe, dat bei akuten oder chroneschen Erkrankungen …

Homepage

Root2Disease

All doudegen Zant (och déi mat behandelter Wuerzel) sinn Ursaach fir Gesondheetsproblemer….

Homepage

Ozon

Ozon gëtt an der biologescher Zännmedezin gär geholl, fir offe Wonnen am Mondraum zouverlässeg ze desinfizéieren…

Homepage

NICO

NICO steet fir Neuralgia Inducing Cavitational Osteonecrosis. Dohanner stécht eng chronesch Entzündung….

Implantater aus Keramik

Keramikimplantater

Et ass net ongewéinlech, datt déi eegen Zänn am Laf vum Liewen ersat musse ginn. ..

Homepage

Inlays

Zännfëllunge musse gewësse gesondheetlechen an ästheeteschen Ufuerderunge gerecht ginn. …

Homepage

Facetten

E stralend Laache mat wäissen, gläichméissegen Zänn ass fir vill Leit d’Verkierperung /d‘Inkarnatioun fir Schéinheet a Gesondheet….

Homepage

Vollkeramik

Heiansdo ass en Zant esou beschiedegt, datt den Zänndokter eng Behandlung vun der Wuerzel recommandéiert….

Dir wënscht eng speziell Behandlung?

Wëllkomm an eiser Praxis zu Lëtzebuerg

E Rendez-vous huelen

Homepage

Eis biologesch Zänndokteschpraxis: Dir wëllt eis kenneléieren!

Wann Dir schéin a gesond Zänn genau esou gär hutt ewéi mir, da sidd Dir bei eiser zännmedezinescher Praxis mam Schwéierpunkt op ästheetescher a biologescher Zännmedezin genau richteg! Modernt Ekipement, éischtklassege Service an héich Qualitéit an eiser Praxis fir Biologesch Zännmedezin zu Lëtzebuerg

Niewent enger vilfälteger Zännmedezin, déi sech auszeechent duerch modernst Technik an eng héich Kompetenz am Fachgebitt vun der Zännmedezin, bidde mir och en éischtklassege Service an eng ëmfangräich medezinesch Betreiung un. Fillt Iech bei eis a gudden Hänn!

Är Wënsch an Äert Wuelbefanne stinn am Mëttelpunkt vun eiser alldeeglecher Aarbecht. Eise Qualitéitsstandard hale mir op héchstem Niveau virun allem duerch eis reegelméisseg Participatioun u Weiderbildungen. Op dës Aart a Weis bleift dat ganzt Team vun der Biologescher Zänndokteschpraxis fir Iech ëmmer op dem neiste medezinesche Stand.