Implantater aus Keramik

3333

Ästheetesch, zolidd a biokompatibel

Et ass net ongewéinlech, datt eis eegen Zänn am Laf vun eisem Liewen ersat musse ginn. Dacks kënnen si esou behandelt ginn, datt een se nach eng länger Zäit behale kann, an awer ass iergendwann en Ersetze vum Zant néideg. Munch Zänndoktere roden de Leit fir d‘éischt zu enger Behandlung vun der Wuerzel.

Dobäi entsteet allerdéngs en doudegen Zant, deen als Stéierfeld negativ Auswierkungen op eis Gesondheet kann hunn. Dofir sinn Implantater an der Zännmedezin déi méi beléift Alternativ. Wichteg heibäi ass et awer, datt dës Implantater aus engem biokompatibelen, neutrale Material bestoe sollen.

Bioimplantater a Biohealth

Dëst sinn d’Virdeeler vun Implantater aus Keramik

Keramikimplantater, déi ganz ouni Bestanddeeler aus Metall auskommen, ginn och als „Bio-Implantater“ bezeechent. Meeschtens gëtt fir dës Zort vun Implantater Zirkonoxid agesat. Dësen ass duerch seng Biokompatibilitéit schounend fir de Kierper, well et an dësem Fall net zu Wiesselwierkunge vun de Metallione mat anere Metaller am Mondraum oder mam Organismus selwer kënnt. Doduerch sinn se formidabel gëeegent fir Leit, déi op Metaller allergesch sinn oder d’Tendenz hunn, eng Reaktioun op Metaller ze maachen. Mee Implantater aus Vollkeramik sinn och a Punkto Ästheetik e wonnerbare Choix: Implantater aus Keramik kënnen nämlech dem Patient ganz individuell ugepasst ginn, sou datt si a Punkto Form a Faarf der Situatioun vum Mond a vun den Zänn entspriechen. Besonnesch fir déi viischt Zänn sinn se dofir fir vill Zänndokteren a Patienten den 1.Choix, wat d’Variante vun Implantater betrëfft. Esouguer wann d‘Zännfleesch mat der Zäit zeréckgeet, gesäit ee keen ellene Rand tëschent dem Implantat an dem kënschtlechen Zant.
Hei nach e weidere Virdeel vu Vollkeramik-Implantater: Et bleiwe manner Bakterien a manner Belag un den Zänn hänken, ewéi bei deene meeschten aneren Alternativen. Doduerch ass de Risiko fir Entzündunge vum Zännfleesch oder fir eng Periimplantitis (= also eng Entzündung ronderëm d’Implantat) ze kréie vill méi kleng.

Wéi eng Méiglechkeete ginn et bei Vollkeramik-Implantater?

Op laang Dauer ass et fir de Kierper méi schounend, wann e kranken Zant erausgeholl an duerch e biokompatibelt Vollkeramik-Implantat ausgetosch gëtt. Sollt Dir Iech zu dësem Schrëtt entscheeden, kann d’Asetze vun engem Implantat vläicht schonn an engem Dag ëmgesat ginn. Wéi vill Seancen tatsächlech néideg sinn, erkläert Iech den Zänndokter gär. Falls méi Seancen néideg sinn, kritt Dir e provisorescht Traitement mat Hëllef un enger Kroun aus kënschtlechem Haarz, déi och ganz den ästheeteschen Ufuerderungen entsprécht. Et ass och méiglech, eenzel Zänn oder e ganzt Gebëss duerch Vollkeramik-Implantater ze ersetzen. D’Endresultat ass ee wonnerschéint a gesond Laachen, ganz ouni potentiell Stéierfelder, déi Iech krank maache kéinten.

Implantater aus Keramik