Ästheetik – Facetten

Homepage

Facetten: ganz reng Beschichtung fir e stralend Laachen

E stralend Laache mat wäissen, gläichméissegen Zänn ass fir vill Leit d’Verkierperung /d‘Inkarnatioun fir Schéinheet a Gesondheet. Mee heiansdo stéiere Verfierwungen oder kleng Onreegelméissegkeeten dëst Drambild vu schéinen Zänn. Facetten – e ganz dënne Placage – bidden Iech an deem Fall d‘Méiglechkeet, e bësse nozehëllefen, fir dem perfekte Laachen nees e Stéck méi no ze kommen.

Fir wie si Facette gëeegent?

Verfierwungen eliminéieren oder kromm Zänn méi riicht wierke loossen

Facette si virun allem am viischten Zännberäich sënnvoll. Hei hëllefe ganz reng Placage-Schuelen, fir Verfierwungen ze eliminéieren oder fir kromm Zänn méi riicht wierken ze loossen. Och Leit mat Defekter um Email vun hiren Zänn, déi ugebuer sinn oder wou dës spéider entstane sinn (oft als wäiss Flecken ze gesinn), profitéiere vun dëse Facetten. U sech harmlos, mee stéierend Feelstellunge vun de viischten Zänn kënne genau esou ausgeglach ginn, ewéi ee méi klenge Splack oder gespläitert Plazen un de Schneid- oder Eckzänn.

Wat erwaart Iech beim Zänndokter?

Facette sinn e ganz renge Placage. Si gi mat engem spezielle Koll un den echten Zänn festgemaach. Dofir muss den Zänndokter dës virdru liicht schläifen.

Falls Dir Iech fir déi konventionell Facetten entscheet, gëtt nëmmen eng ganz reng Schicht vum eegenen Zant ewechgemaach – hei ginn tëschent 0,3 bis 1 mm duer. Déi konventionell Facett gëtt am Zännlabo speziell un Är Zännsituatioun ugepasst. Doduerch huet si spéider genau déi selwecht Faarf ewéi déi aner Zänn respektiv d’Nopeschzänn. Den Zänndokter benotzt no der Produktioun vun der Facett e spezielle Pech, fir dëse Placage um Zant festzemaachen. Dëse Prozess fir ze kollen dauert ongeféier 20 Minutte pro Zant. Eng konventionelle Facett huet an der Moyenne eng Liewensdauer vu 5-10 Joer. Duerno gëtt se nees duerch eng nei Facett beim Zänndokter ersat.

Nieft de konventionelle Facette gëtt et och déi sougenannten „Net preparéiert Facetten“. Dës hunn eng däitlech méi kuerz Liewensdauer, kënnen dofir awer ubruecht ginn, ouni datt ee virdrun d’Zänn schläife muss: Dës sinn nämlech nëmmen 0,2 mm déck. Och wann dës Variant net esou laang hält ewéi déi konventionell, sou ass dës awer méi schounend fir den Zant. Well d‘Substanz vum Zant vollstänneg erhale bleift, bleift de Risiko vum Beschiedege vun de Nerven aus.

Facetten