Inlays
Ästheetik – Inlays

Héichwäerteg Zännfëllunge bei mëttleren oder gréisseren Defekter
Zännfëllunge musse gewësse gesondheetlechen (Biohealth) an ästheeteschen Ufuerderunge gerecht ginn. Inlays erfëlle perfekt béid Zwecker. Si ginn indirekt, also net am Mondraum, hiergestallt. Doduerch ass et méiglech, dës individuell unzepassen, sou datt se garantéiert zu der eegener Faarf vun Ären Zänn an zu der Form vum Defekt un Ärem Zant passen.
Wéini sinn Inlays sënnvoll?
Als Fëllung bei mëttelgrousse bis gréisseren Defekter um Zant
Inlays kommen als Fëllung zum Asaz, wann Är Zänn mëttelgrouss bis gréisser Defekter virweisen, déi z.B. duerch Karies entstane sinn. Den Defekt däerf allerdéngs net esou grouss sinn, datt eng Kroun dee bessere Choix wier. Bei méi klenge Fëllungen ass an der Reegel en anert Fëllungsmaterial, z.B. Komposit, méi sënnvoll. An deem Fall muss manner Zännsubstanz preparéiert ginn ewéi fir een Inlay. Och Patienten, déi allergesch op aner Fëllungsmaterialie reagéieren oder op dës ganz verzichte wëllen, kënne sech fir Inlays als héichwäerteg Fëllung entscheeden.
E beléift Material heifir ass d’Keramik op Basis vun Disilikat. Mir recommandéieren dës net nëmme wéinst hirer natierlecher Zännfaarf, mee och wéinst den éischtklassegen Eegenschafte vun dësem Material: Keramik ass biokompatibel a reagéiert net mat Metaller, déi dacks ewell a Form vu Fëllungen am Mondraum kënne sinn. Wat d’Liewensdauer vu engem Inlay ugeet, sou hält dësen an der Moyenne 6-7 Joer. Mee bei enger gudder Fleeg ass duerchaus méi eng laang Liewensdauer méiglech. Duerno kann den Inlay ouni Problem vum Zänndokter ausgetosch ginn.
Wéi funktionéiert d’Asetze vun engem Inlay?
Fir datt een en Inlay asetze kann, muss déi betraffe Plaz vum Zant als éischt mat enger spezieller Schläiftechnik vum Zänndokter preparéiert ginn. Duerch dëst Beschläife gëtt den Zant op dat neit Material an och op d’Form vum Inlay optimal virbereet. Duerno hëlt den Zänndokter en Ofdrock vum beschiedegten Zant, sou datt am Labo e geneeën a perfekt ugepassten Inlay hiergestallt ka ginn.
De Keramik-Inlay gëtt op der haarder Substanz vum Zant festgemaach mat Hëllef vun engem spezielle Pech, dee garantéiert, datt den Inlay net erofgeet. Dat heescht: Eng mikroskopesch Verbindung entsteet duerch reng Poren (ewéi doru geklamert). Dës suergt derfir, datt den Inlay an d’Substanz vum Zant fest a sécher unenee pechen. Am Allgemenge sinn 2 Seancen néideg, well den Inlay jo an enger Tëschephas am Zännlabo hiergestallt gëtt.
