Amalgam (-fëllung eraushuelen)
Wat ass Amalgam a firwat kann dat problematesch sinn?

Was ist Amalgam und warum kann es problematisch sein?
Beim Zännamalgam handelt et sech ëm eng Mëschung vu Metaller. Hie setzt sech aus Quecksëlwer an enger Kompositioun vu Sëlwer-Zënn-Koffer zesummen. De Quecksëlwer ka sech am Mond fräimaachen an sech esou am Kierper verbreeden. Dat ass virun allem dann de Fall, wann nach aner Fëllungen aus Metall (wéi z.B. Gold) do sinn. De Quecksëlwer ass héich gëfteg a riskéiert fir d’Nervesystem an den Daarm schiedlech ze sinn. Wann en de Reseau vun den Daarmzelle schiedegt, kann dëst d’Opnam vun aner Organer fërderen. Méiglech Konsequenzen dovunner kënne Problemer mat der Verdauung, Middegkeet, neurologesch Stéierungen oder Gelenk- a Muskelproblemer sinn.
Am Sënn vun der Bio-Zännmedezin huet den Amalgamdrainage deemno als Zil, déi méiglech negativ Auswierkunge vum Material op eisen Organismus ze stoppen oder prophylaktesch (=virbeugend) ze verhënneren. Am Vierdergrond vun dëser Eliminatioun steet déi biologesch Interaktioun tëschent deene verschiddene Materialie mam mënschleche Kierper, virun allem déi mam Quecksëlwer.
Amalgamsanéierung – Behandlung
Wéi funktionéiert d’Eliminatioun an den Drainage vun Amalgam?
Et ass wichteg, datt den Organismus professionell op d’Eliminatioun vum Amalgam preparéiert gëtt. Dëst geschitt mat Hëllef vun engem speziellen Drainageprotokoll, dat mir mam Produit MerProtect duerchféieren. An dësem Produit si geziilt Phytonärstoffer a Biomoleküllen: Wann een dës 2 Deeg virun a 4 Deeg no der Eliminatioun vum Amalgam zou sech hëlt, gëtt d’Entgëfte vum ganze Kierper gefuerdert. Eisen Organismus ass op dës Manéier amstand, onerwënschte Substanzen, déi trotz all Schutzmoossnamen net ausgeschloss kënne ginn, opzefänken an auszescheeden.
Mir gesinn doriwwer eraus eng ganz Partie Schutzmoossname vir wärend der Eliminatioun vum Amalgam, sou datt eis Patienten och virum Damp vum Quecksëlwer geschützt sinn, déi beim Traitement entstinn. Eng vun dëse Schutzmoossnamen ass de sougenannte „Gummisdamm“, en Duch aus Gummi, dat gespaant gëtt: Dëst schützt viru feinen Amalgamspéin oder aner Fragmenter. Zum Asaz kënnt an eise Raimlechkeeten och d‘Prophy Dent Goldmask, déi geduecht ass fir Dämp vu Quecksëlwer opzefänken. Dëse Prozess gëtt ënnerstëtzt duerch d’Benotze vum IQ Air Raumfilter an dem Clean-Up-Sauger. Dës erlaben et, de Quecksëlwerdamp direkt an zouverlässeg opzesaugen. Op dës Manéier ginn eis Schutzmoossnamen optimal ofgeronnt. Zur Optioun bidde mir d’Versuergung mat engem héich doséierte Vitamin-C-Preparat un, wat een eegent Entgëfte vum Kierper ënnerstëtze kann.
Zousätzlech passe mir op e beschtméigleche Schutz vum Patient op bei den technesche Prozedure vun der Amalgameliminatioun: Fir d’Quecksëlwerdämp esou minimal ewéi méiglech ze halen, buere mir mat enger ganz niddreger Dréizuel. Déi betraffen Zänn ginn direkt mat engem héichwäertege Fëllungsmaterial oder engem Provisorium versuergt – jee nodeem wéi eng Optioun am Virfeld als beschte Léisung fir déi jeeweileg Situatioun ofgemaach gouf.
